
EU-Reform: Lëtzebuerg bezilt d'Chômage vu Grenzgänger, ronn 200 Milliounen Euro méi am Joer
Eng nei EU-Regel léisst d'Land, wou ee schafft, d'Chômage vu Grenzgänger bezuelen, soubal ee 22 Wochen do versuckert war. Fir Lëtzebuerg, wou bal d'Halschent vun de Salariéë Frontalieren sinn, schätzt Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) e Méikäschte vu ronn 200 Milliounen Euro am Joer. D'Land krut eng Iwwergangszäit vu fënnef bis siwe Joer, huet awer der Reform net zougestëmmt.




