
Finanzen
Joresbericht
D'Notebank vun den Notebanken warnt virum KI-Réckschlag
An hirem e Sonndeg zu Basel presentéierte Joresbericht warnt d'BIZ, de KI-Boom wier zu engem wichtege, scholde-finanzéierte Wuesstemsmotor vun den USA ginn, deem säi Réckschlag déi ganz Wirtschaft kéint treffen. Si beschreift och en neit Gefilz tëscht Staatsscholden a Finanzstabilitéit. Fir Lëtzebuerg, déi zweetgréisst Fongsplaz vun der Welt, trëfft d'Warnung e Nerv.