
Groussregioun
Groussregioun
Direkten Zuch Lëtzebuerg-Saarbrécken-Mannheim ass machbar, awer net virun der Mëtt vun den 2030er Joren
Eng gemeinsam Machbarkeetsstudie vu Lëtzebuerg, dem Saarland, Rheinland-Pfalz an dem Grand Est weist, datt eng direkt Zuchverbindung Lëtzebuerg-Saarbrécken-Mannheim am Prinzip méiglech ass. Eng reegelméisseg Regionalverbindung wier awer fréistens vun der Mëtt vun den 2030er Joren un dran. D'Resultater goufen den 6. Februar 2026 zu Lëtzebuerg presentéiert. 2024 sinn deeglech 276.360 Leit fir d'Aarbecht iwwer d'Grenz gepenkelt.