
Europa
Schengen-Grenzen
Bis zu fënnef Stonne Waardezäit: Fluchhäfen an Airlinen froen d'EU, den EES-Grenzsystem iwwer de Summer auszesetzen
ACI Europe, Airlines for Europe an IATA hunn an engem oppene Bréif un d'Ursula von der Leyen eng "direkt Interventioun" beim Entry/Exit-System (EES) gefrot: bis zu fënnef Stonne Waardezäit, Fligeren, déi hallef eidel fortfléien, a 40 Millioune Passagéier méi am Juli an August. D'Kommissioun schwätzt vu "limitéierten" Auswierkungen, rifft awer eng Nout-Reunioun an. Um Findel roden d'Responsabel, op d'mannst 90 Minutte virum Depart bei der Passkontroll ze sinn.