
Welt
Konflikt am Golf
Den Iran späert d'Strooss vun Hormus – d'USA lancéieren déi drëtt Attackewell bannent enger Woch
D'Revolutiounsgarden hunn d'Strooss vun Hormus „bis op Weideres“ gespaart, nodeems se op d'Containerschëff GFS Galaxy geschoss haten; ee Matrous gëtt vermësst. E puer Stonne méi spéit hunn d'USA hir drëtt Attackewell géint den Iran bannent enger Woch lancéiert — d'Trêve vum 17. Juni ass domat de facto um Enn, an e Fënneftel vum weltwäite Pëtrol ass nees blockéiert.