
Tech & Wëssenschaft
Raumfaart a Tech
Lëtzebuerger Odysseus Space an Uni schléissen Accord mat Japan iwwer Laserlinken am All
D'National Institute of Information and Communications Technology (NICT) huet de 4. Mee 2026 zu Lëtzebuerg en Accord mat der Start-up Odysseus Space an e Memorandum mat der Universitéit Lëtzebuerg ënnerschriwwen. D'Zil sinn optesch Linke vum All op de Buedem an net-terrestresch Netzwierker. NICT huet d'Accorden den 21. Mee bekanntginn.
