
Tech & Wëssenschaft
Quantekommunikatioun
Lëtzebuerg baut um europäeschen Netz fir oofhéiersécher Quanteliisounen
Lëtzebuerg ass beim Projet TransEuroOGS dobäi: en EU-Virhuelen vu ronn 18 Milliounen Euro, deen aacht optesch Buedemstatiounen an Däitschland, Griicheland, Irland a Lëtzebuerg verbënnt. Iwwer 3,5 Joer gëtt esou de Buedemdeel virbereet fir Quantesatellitte wéi EAGLE-1 a SAGA, déi mat Quantenschlësselverdeelung eng oofhéiersécher Kommunikatioun an Europa solle méiglech maachen.