
Welt
Bündnisgipfel
NATO-Gipfel zu Ankara: Lëtzebuerg virun der Fro no méi Suen fir d'Verdeedegung
Zu Ankara huet en Dënschdeg den zweedeegen NATO-Gipfel ugefaangen, ënner der Leedung vum Mark Rutte an dem Gaaschtgeber Recep Tayyip Erdogan. D'32 Memberen diskutéieren de Wee bis bei dat neit Zil vu 5 % vum PIB fir d'Verdeedegung. E puer Stonne virdru hu russesch Rakéiten a Drone zu Kyiv op d'mannst 16 Mënsche getéit.