
Welt
Rettungsequippen am Oste vun Indonesien
Äerdbiewen op Flores: op d'mannst 47 Doudeger a Stroosse blockéiert
Beim Äerdbiewen op der indonesescher Insel Flores sinn op d'mannst 47 Mënschen ëmkomm. Ronn 2.000 Leit hunn hiert Doheem verlooss, wärend d'Rettungsequippen nach ëmmer probéieren, ofgeschnidden Dierfer z'erreechen.