
Politik
Sozialpolitik
LSAP wëll universell Gesondheetsversuergung gesetzlech verankeren
D'Oppositiounsparteit LSAP wëll d'Couverture universelle des soins de santé (CUSS) vun engem Pilotprojet an e festt Gesetz ëmwandelen. D'Deputéiert Claire Delcourt a Claude Haagen hunn e Méindeg, den 11. Mee 2026, e Projet an der Chamber deposéiert. Dat Schema léisst Leit, déi vun der normaler Krankeversécherung ausgeschloss sinn, op Käschte vum Staat behandelen. D'LSAP rechent mat ronn 2,3 Milliounen Euro pro Joer.