
Europa
Europaparlament
Metsola léisst de Kartheiser wéinst senger Russland-Rees iwwerpréiwen
D'Roberta Metsola huet de Comité fir d'Verhale vun den Deputéierte gefrot, dem Lëtzebuerger Fernand Kartheiser seng Russland-Kontakter ze préiwen.

D'Roberta Metsola huet de Comité fir d'Verhale vun den Deputéierte gefrot, dem Lëtzebuerger Fernand Kartheiser seng Russland-Kontakter ze préiwen.

De Lëtzebuerger MEP Fernand Kartheiser, säit Juni 2025 fraktiounslos, huet Kolleegen invitéiert, hien den 3. Juni 2026 op St. Petersbourg ze begleeden, fir Memberen vun der russescher Staatsduma um Rand vum Putin-Wirtschaftsforum ze treffen (Politico, 7. Mee). Rees privat finanzéiert, Zil: „Dialog op Ministerniveau". De litauesche Renew-Deputéierte Petras Auštrevičius schwätzt vun engem „oppene Rekrutéierungsversuch fir Russland".