
Metsola léisst de Kartheiser wéinst senger Russland-Rees iwwerpréiwen
D'Roberta Metsola huet de Comité fir d'Verhale vun den Deputéierte gefrot, dem Lëtzebuerger Fernand Kartheiser seng Russland-Kontakter ze préiwen.

D'Roberta Metsola huet de Comité fir d'Verhale vun den Deputéierte gefrot, dem Lëtzebuerger Fernand Kartheiser seng Russland-Kontakter ze préiwen.

Den 19. Mee huet d'Europaparlament nei Schutzreegele fir de Stol gestëmmt: d'zollfräi Importer falen ëm bal d'Halschent, den Zoll doriwwer verduebelt sech op 50 Prozent. Dee gréisste Gewënner am Land heescht ArcelorMittal.

De Lëtzebuerger MEP Fernand Kartheiser, säit Juni 2025 fraktiounslos, huet Kolleegen invitéiert, hien den 3. Juni 2026 op St. Petersbourg ze begleeden, fir Memberen vun der russescher Staatsduma um Rand vum Putin-Wirtschaftsforum ze treffen (Politico, 7. Mee). Rees privat finanzéiert, Zil: „Dialog op Ministerniveau". De litauesche Renew-Deputéierte Petras Auštrevičius schwätzt vun engem „oppene Rekrutéierungsversuch fir Russland".