
Lëtzebuerg
E Konzern, e klengt Netz
Google säin Datenzentrum zu Bissen: de Méco dréint mat enger Klo virun der Decisioun
Wärend d'Ëmweltministère iwwer d'Genehmegung fir Google säin ëmmer erëm verspéident Datenzentrum zu Bissen soll decidéieren, dréint de Mouvement écologique mat enger Klo virum Verwaltungsgeriicht – wéinst dem Stroum- a Waasserverbrauch an der feelender Transparenz.