
Politik
Frankräich · Wal 2027
Beruffungsgeriicht zu Paräis lackert dem Le Pen säin Ämterverbuet – Kandidatur fir 2027 nees méiglech
D'Beruffungsgeriicht zu Paräis huet den 7. Juli dem Marine Le Pen seng Veruerteelung wéinst Verontreiung vu Sue vum Europaparlament bestätegt, awer hiert Verbuet, en ëffentlecht Amt ze bekleeden, verkierzt. Domat kann d'Rietspopulistin bei der Presidentschaftswal 2027 untrieden. Si huet nach de selwechten Owend hir Kandidatur ausgeruff.